FAQ
Oft gestallten Froen
Féierung duerch
Benotzerhandbuch
Luet hei ënnendrënner d'Benotzerhandbuch fir d'LLO.LU-Plattform erof.
Benotzerhandbuch
Wat ass LLO.LU?
Disponibel um Computer an als mobil App, ass LLO.LU eng Plattform fir selbstänneg ze léieren, mat där ee ka Lëtzebuergesch gratis léieren an an engems de Räichtum vun der Lëtzebuerger Kultur entdecken: d’Musek, de Patrimoine, d’Literatur an nach villes méi! LLO.LU ass eng Initiativ vum Institut National des Langues (INLL) a vum Lëtzebuerger Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend. Dëse Projet ass Deel vun der Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzeburger Sprooch, déi 2017 vun der Regierung an d’Liewe geruff gouf an ënner der Opsiicht vum Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch steet.
Wie kann op LLO.LU zougräifen?
D’Plattform LLO.LU ass zougänglech fir jiddwereen, iwwerall, weltwäit, ouni Alterslimitt oder geografesch Restriktiounen. Et muss ee sech just op der Startsäit vum Site registréieren oder hei klicken.
Wéini kann ech mech registréieren?
Dir kënnt Iech dat ganz Joer iwwer registréieren – zu all Dag a jiddwer Zäit. Wann Dir registréiert sidd, ass d’Plattform vun LLO.LU gratis 24/24 Stonnen den Dag a 7/7 Deeg d’Woch zougänglech.
Wéi kann ech Zougrëff op LLO.LU kréien?
Fir op den Inhalt vun LLO.LU zouzegräifen, braucht Dir Iech just op der Startsäit ze registréieren oder einfach hei ze klicken.
Wat ass E-Learning oder autonoomt Léieren?
E-Learning gëtt och Online-Cours oder -Formatioun, E-Formatioun, Education technology, Téléformatioun, virtuelle Selbststudium ... genannt. Dobäi handelt et sech ëm eng Léiermethod, bei där d’Benotzung vum Internet e feste Bestanddeel ass. D’Coursen, déi ronderëm déi nei Multimedia-Technologië konzipéiert goufen, sinn op enger gratis oder bezuelter Léierplattform, déi eventuell nëmmen iwwer e Benotzernumm a Passwuert zougänglech ass, disponibel.
Wéi funktionéieren d’Online-Coursë vun LLO.LU?
D’Plattform LLO.LU proposéiert Iech e Lëtzebuergeschcours, deen Dir an Ärem eegene Rhythmus, wou a wann Dir wëllt, kënnt maachen, an dee sech ronderëm 2 Schwéierpunkten, Grammaire a Vocabulaire, dréint. Jiddwer Schwéierpunkt ëmfaasst Missiounen, déi aus ofwiesslungsräichen, spillereschen Aktivitéite bestinn: Videoen, Exercicer, Übunge fir d’Aussprooch, Karteikaarten an nach villes méi. Zousätzlech zu dësen Aktivitéiten, offréiert de Site LLO.LU Iech d’Méiglechkeet, duerch spezifesch Modüllen an déi Lëtzebuerger Kultur anzetauchen an Är Sproochekenntnesser ze perfektionéiere fir Iech an der Beruffswelt ze integréieren. Hei ass e vollstännegt a kloer redigéiert Benotzerhandbuch, fir Iech mam Fonctionnement vun Ären Online-Coursë vertraut ze maachen: https://llo.lu
Wou fannen ech déi mobil Applikatioun LLO.LU?
D’App LLO.LU kënnt Dir ganz einfach fir Android-Telefonen iwwer de Playstore a fir iOS-Telefonen iwwer den App Store vun Apple eroflueden. Är Zougangsdate sinn identesch zu deenen, déi Dir benotzt, fir iwwer e Computer op Är Coursen zouzegräifen.
Kann ech mäi Lëtzebuergesch-Niveau mat LLO.LU evaluéieren?
Absolut! Zousätzlech zu engem Sproochecours mat engem ofwiesslungräichen, strukturéierten a räichhaltegen Inhalt, offréiert LLO.LU Iech d’Méiglechkeet, Ären Niveau eemol de Mount ze evaluéieren!
Den LLO.lu-Astufungstest ass en Test, fir Ären Niveau ze bestëmmen, op deem Dir op der Plattform LLO.lu ufänkt. En déngt derzou, Är Benotzererfarung op der Plattform, fir Lëtzebuergesch ze léieren ze verbesseren a stellt kengesfalls eng unerkannten Zertifizéierung duerch Lëtzebuergesch Autoritéiten duer.
Wéi eng Kompetenze gi mam Astufungstest vun LLO.LU evaluéiert?
Den Online-Astufungstest evaluéiert Är linguistesch Kompetenzen nom Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GERS/CECRL). Fir eng detailléiert Berschreiwung vun all Kompetenz, déi getest gëtt, kuckt wgl. op dëser Kompetenztabell no: https://www.coe.int/fr/web/common-european-framework-reference-languages/level-descriptions
Ka sech méi ewéi eng Persoun gläichzäiteg op deem selwechte Kont umellen?
Nee. All Accès ass perséinlech an erlaabt Iech, op Äre private Kont op LLO.LU zouzegräifen. De System erkennt automatesch, wann eng zweet Persoun sech mat Ärem Benotzernumm an Ärem Passwuert umellt an deconnectéiert déi direkt.
Ech géif mech gär registréieren, mee ech kréien eng Feelermeldung. Wat muss ech maachen?
Dir hutt héchstwarscheinlech schonn e Kont, dee mat der E-Mail-Adress, déi Dir bei der Registréierung aginn hutt, verknëppt ass. Fir dëst ze iwwerpréiwen, benotzt d’Optioun “Passwuert vergiess”. Wann Dir doropshin en E-Mail zougeschéckt kritt, bedeit dat, datt Dir effektiv schonn op eisem Site registréiert sidd. Leet einfach en neit Passwuert fest a mellt Iech, mat Ärer E-Mail-Adress als Benotzernumm an deem neie Passwuert, un.
Ass d’Plattform mat alle Betribssystemer an allen Internetbrowsere kompatibel?
D'Plattform vun LLO.LU ass kompatibel mat den Haaptbetribssystemer an -internetbrowseren um Marché: Betribssystemer: Microsoft Windows Vista, 7, 8, 10 oder méi héich; Mac OS X 10.10; Linux-Distributioun 32/64 Bit.
Internetbrowseren: D’Plattform LLO.LU ënnerstëtzt offiziell déi aktuellst Versioune vu follgende Browseren: Google Chrome, Mozilla Firefox, Safari, Opera, Samsung Internet, Edge
Applikatiounen: LLO.LU ënnerstëtzt déi follgend Versiounen: Android: ab Versioun 7 bis 10 iOS 13.1 bis 13.4
Froen zu den “Tour”-Aktivitéiten:
Ëm wat geet et an den Aféierungs- a Formatiounsseancen?
An den Informatiounsseancë geet et esouwuel ëm technesch Froen (Hëllef bei der Registréierung, Hëllef bei der Navigatioun ...) ewéi och ëm technesch- pedagogesch Froen (Bedeitung vum E-Learning, Ìnhalt vun der Plattform, Berodung beim Léieren ...). “Explore”-Seancë befaassen/konzentréiere sech op d’Benotzung vun der Plattform.
Muss ech mech am Viraus aschreiwen?
Fir Iech e beschtméiglechen Empfang ze garantéieren, rode mir Iech, Iech mathëllef vum Aschreiwungsformulaire unzemellen, andeem Dir iwwer déi interaktiv Kaart ënner dem Onglet “Aktivitéiten” op déi gewënscht Seance klickt.
Gëtt a menger Gemeng eng Aféierungsseance ugebueden?
D’Tour fënnt a ganz Lëtzebuerg statt. Fir gewuer ze ginn, ob eng Aktivitéit bei Iech an der Géigend ugebuede gëtt, kuckt op der interaktiver Kaart. All Datumer vun de Visitte sinn do mat der Auerzäit a mam Uert vum Evenement an de Modalitéiten (Sproochen, a Presenz oder virtuell) opgelëscht.
Är perséinlech Donnéeën
Wéi eng perséinlech Donnéeë gi vum Site LLO.LU gespäichert?
D’Donnéeën, déi mir an eiser Datebank späicheren, si beschränkt op déi, déi Dir bei Ärer Registréierung op LLO.LU uginn hutt, dat heescht: Ären Numm a Virnumm, Äre Gebuertsdatum, Är E-Mail-Adress an Är Postleitzuel. Dir sidd verflicht, dës Donnéeë bei Ärer Registréierung unzeginn. Är Donnéeë kënnen ausschliisslech vun Iech a vun eiser Ekipp fir technesch Ënnerstëtzung, am Fall wou Dir Hëllef bräicht, agesi ginn. All d’Donnéeë vum Site, LLO.LU, gi streng vertraulech a geséchert behandelt.
Wéi kann ech mäi Kont läschen?
Fir Äre Kont bei LLO.LU ze läschen, braucht Dir nëmmen de Support iwwer d'E-Mail-Adress "XXXXX" ze kontaktéieren, an Äre Benotzernumm (d'E-Mail-Adress, déi mam Kont bei LLO.LU associéiert ass) unzeginn. Eis Ekipp këmmert sech dann ëm d'Läschung vun Ärem Kont bannent den nächste 24 Stonnen an informéiert Iech per E-Mail, wann de Kont effektiv geläscht ass. Wann Dir Äre Kont läscht, heescht dat, datt all Donnéeën, déi domat associéiert sinn, geläscht ginn.
Dir kënnt Äre Kont och iwwer den Onglet “Astellungen”, deen direkt iwwer d’Plattform LLO.LU zougänglech ass, läschen.